2013 hun mir eis kleng Molkerei opgemach.
Eist Ziel ass et, dass dir eist Produkt
esou natierlech an frësch wei méiglech kritt. Dofir gëtt eis Mëllech nëmmen pasteuriséiert an homogeniséiert. Dat heescht , si gëtt no der traditioneller Manéier kuerz op 75°C erhëtzt , an dann homogeniséiert. Dat ganzt gëtt an eiser eegener Molkerei um Haff, déi vun den ëffentlechen Instanzen kontrolléiert
gëtt, gemaach. Ganz wichteg ass dass eis Mëllech weder zentrifugeiert nach standardiséiert gëtt. Dat heescht dass den natierlechen Fettgehalt an domat den Geschmaach an d' Inhaltstoffer erhalen bleiwen. D’ Mëllech behält hier Bekëmmlechkeet an ass 12 Deeg haltbar.
Duerch den schounenden Ëmgäng ass et eng Mëllech wéi Freier.